Facebook
Instagram @fanfare_lentgen

Lëntgener Musek

News

Vakanz

D’Lëntgener Musek wënscht Iech

eng schéin Vakanz.

Den 11. September geet et mat der nächster Prouf

an déi nei Saison!

Aal-News

Hei kenn dir nokucken wei eng Aktivitéiten mir am leschten Joer haten.

Hämmelsmarsch 2026

Freideg den 24. Juli ab 18h00

an Samschdeg, den 25. Juli vun 13h00-18h00

komme mir an der Lëntgener Gemeng

den Hämmelsmarsch spillen!


Den 24. Juli si mir ab 18.00 Auer 

zu Goussel, Pretten an am ënneschten Deel vu Lëntgen 

(route Principale; Kneipel a Gare) ënnerwee. 

Den 25. Juli kommen mir ab 13.00 Auer an d'Stroßen vum ieweschten Deel vu Lëntgen.

 

Mir géifen eis freeën Iech ënnerwee ze begéinen

an d’Lëntgener Kiermes zesummen ze féieren!

Bëschfest 2026

Sonndeg, de 05. Juli ab 11h00

invitéiere mir Iech häerzlech op eist

Bëschfest

am Festsall „A Mouschelt“.


Um 9h00 kënn dir un engem geféierten Trëppeltour duerch de Lëntgener Bësch Deel huelen. 

Umeldung per SMS um: +352 621 262 710


Ab 11 Auer ass fir Animatioun beschtens gesuergt,

um Programm steet:

11h00    Animatioun Zés P’reiras Lintgen

11h30    Presentatioun vun der Gemeng Lëntgen

12h00    Ballooner & Face Painter

12h15    Concert Hierber Musek

13h15    Concert Harmonie Municipale Hollerich, 

                   Luxembourg-Gare & Cessange

14h15    Concert Bartrenger Musek

15h15    Concert Lëntgener Chorale

16h00    Concert Jugendensembel Lëntgener Musek


Fir Iessen an Drénken ass beschtens gesuergt. 

Um Menu stinn Spezialitéiten ronderëm d’Ham a Gegrilltes. Natierlech sinn och vegetaresch Alternativen derbäi.



Mir freeën eis Iech op dësem Rendez-Vous

 kennen ze begréissen.

Big Band’s „A Mouschelt“



An Zesummenaarbecht mat der

Commission des Affaires Culturelles Lintgen.

invitéiere mir Iech häerzlech


Freideg, den 08. Mee um 20h00

 op de Concert vun der Big Band Spectrum

am Festsall „A Mouschelt“.


Op Bestellung servéieren mir Iech eng Hameschmier.

Fir drénken ass beschtens gesuergt.


Reservéiert weg. är Plazen tëscht 18h00 an 21h00 um 

Tel.: +352 621 839 306 oder op kultur@lentgen.lu


Den Entrée ass gratis.


Mir freeën eis Iech bei dësem flotte Moment 

kennen ze begréissen.

 Porte Ouverte 2026

Samschdeg, den 25. Abrëll 

invitéieren d’Lëntgener Museksschoul

ann d’Lëntgener Musek  iech

 op hier Porte Ouverte.  


Ab 15.30 Auer kennt dir d’Museksgebäi besichtegen an déi verschidden Instrumenter aus dem Harmonie-Orchester probéieren.

Natierlech stinn mir iech och zur Verfügung fir

op all är Froen zum Enseignement Musical an der Lëntgener Gemeng ze äntwerten.


Den Eveil Musical presentéiert iech e klengen Concert. An als Ofschloss dpillt den Jugendensembel e klenge Concert bei deem dir iech kënnt zwëschent Musikanten setzen an esou e Concert aus der Siicht vum Museker kennt erliewen.


Mir freeën eis iech op dësem RDV kennen ze begréissen!

Schülerauditioun 2026

Sonndeg, den 15. Mäerz  um 10h00

invitéiere mir Iech häerzlech op eis

Schülerauditioun an Diplomiwerreeschung

am Festsall „ A Mouschelt“.

D’Schüler aus der Lëntgener Museksschoul

weisen iech wat si am Laf vum Joer geléiert hunn an gi gewierdegt fir hier Leeschtungen.


Fir Drénken ass beschtens gesuergt.


Kommt bis laanscht 

an ënnerstëtzt eis Museksschüler!

 Kannerfuesbal 2026

Sonndeg, de 25. Januar 

invitéiere d’Lëntgener Musek iech

 op hiren traditionelle Kannerfuesbal.  

Ab 14.00 Auer ass am Festsall „A Mouschelt“ 

fir Animatioun, Iessen a Gedrénks beschtens gesuergt.

Live encadréiert an  animéiert gëtt de Fuesbal                              vu Kiddy Event.


Den Entrée ass gratis fir Kanner. Fir Erwuessener ass en 7€

Wannterconcert 

mat der Mierscher Musek

Den 20. Dezember 

spillen mir um Wanterconcert 

vun der Mierscher Musek

 am Mierscher Theater.

Den Owend start um 19.00 Auer

mam Jugendensembel 

vun der Mierscher Musek.

Dono spillt d’Mierscher Musek

an no der Paus d’Lëntgener Musek.


Freet iech op e flotte Moment!

Adventsfënster

Méindeg, den 15. Dezember 

lueden mir iech um 20h00 

op eis Adventsfënster 

beim Musekssall an. 

Lost iech bei bekannten Chrëschtlidder 

an Chrëschtstëmmung versetzen.


Fir Kichelcher a Glühwäin ass natierlech och gesuergt.


Freet iech op e flotte Moment!

Concert um Lëntgener Chrëschtmaart 2025

Freideg, den 06. Dezember um 19h30

suerge mir um Lëntgener Chrëschtmaart

fir déi richteg Chrëschtmusek.

Kommt bis laanscht a loosst Iech vun eis

a Chrëschtstëmmung versetzen.


Freet iech op e flotte Moment!

Concert vum Jugendensembel um Chrëschtbazard


Den 29. November um 11.30 Auer

spillt de Jugendensembel

 vun der Lëntgener Musek 

säin traditionelle Concert 

um Chrëschtbazard 

vun den „Semeurs de Joie Lintgen“


Nom Concert Aperitif kënnt dir 

um Chrëschtbazard iessen. 

Reservéiert heifir ären Menu

bei den „Semeurs de Joie Lintgen“


weider Infoen: https://lintgen.lu/wp-content/uploads/2023/09/2025112829-flyer-bazar-de-Noel-Semeurs-de-Joie.pdf


Freet iech op e flotte Moment!

Cäeciliemass 2025

Den 22. November 2025  um 19.00 Auer

gestalte mir zesummen

 mat der Lëntgener Chorale 

d’Cäeciliemass zu Lëntgen.


Um Programm steet nieft der 

“Missa pro Pace”

vum Daniele Carnevali, 

den “Jubilee Fanfare” vum Ivo Kouwenhoven

 an nach villes méi.


Freet iech op e flotte Moment!

Gala-Concert 2025

Den 18. Oktober 2025  um 19.30 Auer 

invitéiere mir Iech  an de Festsall “A Mouschelt”

op eise Gala-Concert 2025

 ënnert dem  Titel „Lëntgen TV“.


Freet Iech op e flotte Fernseh-Owend 

mat ville bekannten Titel-Melodien 

aus Filmer a Sendungen vu fréier an haut . 

Musikalesch gëtt den Owend animéiert 

vum Jugendensembel vun der Lëntger Musek 

an der Fanfare Lintgen 

ënnert der Leedung vum Marc Loewen.


Um Menu steet 

e “Kale Fleeschsteller” oder “Kéisteller 

an nom Concert engem Stéck Taart fir 20€.


Reservéiert är Platzen an ären Menu bis de 15. Oktober um Mail lthiry@pt.lu oder per Telefon um Nummer +352 691 500 883.

Den Entrée ass 10€; Kanner ënnert 16 Joer kommen gratis eran..


Freet iech op e gemittlechen Owend!

Hämmelsmarsch 2025

Freideg den 25. Juli ab 18h00

an Samschdeg, den 26. Juli vun 13h00-18h00

komme mir an der Lëntgener Gemeng

den Hämmelsmarsch spillen!


Den 25. Juli si mir ab 18.00 Auer 

zu Goussel, Pretten an am ënneschten Deel vu Lëntgen 

(route Principale; Kneipel a Gare) ënnerwee. 

Den 26. Juli kommen mir ab 13.00 Auer an d'Stroßen vum ieweschten Deel vu Lëntgen.

 

Mir géifen eis freeën Iech ënnerwee ze begéinen

an d’Lëntgener Kiermes zesummen ze féieren!

Bëschfest 2025

Sonndeg, de 06. Juli ab 11h00

invitéiere mir Iech häerzlech op eist

Bëschfest

am Festsall „A Mouschelt“.


Ab 11 Auer ass fir Animatioun beschtens gesuergt.


Fir Iessen an Drénken ass beschtens gesuergt. 

Um Menu stinn Spezialitéiten ronderëm d’Ham a Gegrilltes. Natierlech sinn och vegetaresch Alternativen derbäi.



Mir freeën eis Iech op dësem Rendez-Vous

 kennen ze begréissen.

 Porte Ouverte 2025

Samschdeg, den 03. Mee 

invitéiere d’Lëntgener Museksschoul iech

 op hier Porte Ouverte.  


Ab 15.30 Auer kennt dir d’Museksgebäi besichtegen an déi verschidden Instrumenter aus dem Harmonie-Orchester probéieren.

Natierlech stinn mir iech och zur Verfügung fir

op all är Froen zum Enseignement Musical an der Lëntgener Gemeng ze äntwerten.


Den Eveil Musical presentéiert iech e klengen Concert. An als Ofschloss dpillt den Jugendensembel e klenge Concert bei deem dir iech kënnt zwëschent Musikanten setzen an esou e Concert aus der Siicht vum Museker kennt erliewen.


Mir freeën eis iech op dësem RDV kennen ze begréissen!

Schülerauditioun 2025

Sonndeg, den 09. Mäerz  um 10h00

invitéiere mir Iech häerzlech op eis

Schülerauditioun an Diplomiwerreeschung

am Festsall „ A Mouschelt“.

D’Schüler aus der Lëntgener Museksschoul

weisen iech wat si am Laf vum Joer geléiert hunn an gi gewierdegt fir hier Leeschtungen.


Fir Drénken ass beschtens gesuergt.


Kommt bis laanscht 

an ënnerstëtzt eis Museksschüler!

 Kannerfuesbal 2025

Sonndeg, de 09. Februar 

invitéiere d’Lëntgener Musek iech

 op hiren traditionelle Kannerfuesbal.  

Ab 14.00 Auer ass am Festsall „A Mouschelt“ 

fir Animatioun, Iessen a Gedrénks beschtens gesuergt.

Live encadréiert an  animéiert gëtt de Fuesbal                              vu Kiddy Event.


Den Entrée ass gratis fir Kanner. Fir Erwuessener ass en 5€

Neijoerschconcert

Freideg, den 10. Januar um 20h00

invitéiert Iech d’Lëntgener Kulturkommissioun

op den Neijoerschconcert

am Festsall a Mouschelt.

D’Lëntgener Musek zerwéiert Iech op Bestellung

eng réi, gekachten oder

 gemëschten Hameschmier fir 20€

oder

eng Kachkéiseschmier fir 15€.


Reservéiert weg Är gratis Plazen an Är Schmier

op kultur@lentgen oder um GSM 621 839 306

vun 18hh00-21h00.


Freet iech op e flotte Moment!

Adventsfënster

Freideg, den 20. Dezember 

lueden mir iech um 20h00 

op eis Adventsfënster 

beim Musekssall an. 

Loost iech bei bekannten Chrëschtlidden 

an Chrëschtstëmmung versetzen.


Fir Kichelcher a Glühwäin ass natierlech och gesuergt.


Freet iech op e flotte Moment!

Concert um 

Lëntgener Chrëschtmaart

Freideg, den 13. Dezember um 19h30

suerge mir um Lëntgener Chrëschtmaart

fir déi richteg Chrëschtmusek.

Kommt bis laanscht a loosst Iech vun eis

a Chrëschtstëmmung versetzen.


Freet iech op e flotte Moment!

Gala-Concert 2024

Den 19. Oktober 2024  um 19h30 Auer 

schléisse mir mat eisem Gala-Concert am Festsall “A Mouschelt” d’Feierlechkeeten fir 125 Joer Lëntgener Musek of.

Zesummen mat der Koninklijke Harmonie Sint-Cecilia Kuringen/Hasselt (B)

presentéiere mir iech eise Gala-Concert 2024

ënnert dem Titel „The Four Elements“.

Entdeckt mat eis zesummen d’Kräften déi de 4 Elementer

Äerd, Loft, Waasser a Feier ugerechent ginn.


Um Menu stinn:

- Rôti de Veau Prince Orloff sauce crème champignons 

   Gratin Dauphinois, Petits poids/carottes                                       25€

- Penne Sauce végétarienne                                                                      15€

Nom Concert offréiere mir Iech e Stéck Taart.


Reservéiert är Platzen an äre Menu bis de 15. Oktober 

um Tel. +352 691 500 883 oder per Mail op lthiry@pt.lu.


Freet iech op en musikaleschen Owend zesummen mat 70 Musikanten!

Hämmelsmarsch 2024

Freideg den 26. Juli ab 18h00

an Samschdeg, den 27. Juli vun 13h00-18h00

komme mir an der Lëntgener Gemeng

den Hämmelsmarsch spillen!


Den 26. Juli si mir ab 18.00 Auer 

zu Goussel, Pretten an am ënneschten Deel vu Lëntgen 

(route Principale; Kneipel a Gare) ënnerwee. 

Den 27. Juli kommen mir ab 13.00 Auer an d'Stroßen vum ieweschten Deel vu Lëntgen.

 

Mir géifen eis freeën Iech ënnerwee ze begéinen

an d’Lëntgener Kiermes zesummen ze féieren!

Phone Flip +352 691 809 467

Email mariana.machado10@yahoo.com

Map Pin 31, route Principale

L-7450 Lëntgen

Facebook
Instagram @fanfare_lentgen

Mir benotzen Cookies an ähnlech Tools déi noutwenneg sinn fir Videoen ofzespillen oder Fotoen unzeweisen. 

Des weideren leeden verschidden Fonktiounen Iech op eis Facebook- oder Instagram-Säit weider. 

Well dir den vollen Empfang vun der Säit notzen ass är Zoustëmmung erfuerderlech.